Häerzlech Wëllkomm bei Bamboo and Cotton!

Op dëser Säit dréit sech alles ronderëm Stoffwëndelen, souwéi aner ökologesch an nohalteg Produkter fir jonk Familjen. Modern Stoffwëndelen sinn ökologesch, gënschteg an faarwefrou. Se sinn gesond fir dem Puppelchen séng Haut, einfach ze handhaben, …

Bref, et ginn vill Grënn, fir sech mam Thema Stoffwëndelen auserneen ze setzen! Mee genau esou vill Grënn et fir d’Wéckelen matt Stoff gëtt, genau esou vill verschidden Wëndelmodeller an Wéckelsystemer ginn et.

Fir iech bei ären éischten Schrëtt an d’Welt vun den Stoffwëndelen ze begleeden an domadden eventuell Feelkeef ze erspueren, bidden ech kompetent Berodungen un an stinn iech bei all ären Froën berodend zur Säit.

Ech soën iech Merci fir ären Besuch an fréen mech drop, vun iech ze héieren oder ze liesen, an villäicht léiert een sech jo eng Kéier bei enger Stoffwëndelberodung kennen?

Stéphanie