Iwwer mech

Mäin Numm ass Stéphanie, ech sinn 1983 gebuer an liewen am Norden vum Ländchen, an den schéinen Ardennen. Ech denken et ass net zevill gesot, wann ech soën dass ech en naturverbonnenen Mënsch sinn an dass Nohaltegkeet mir ganz wichteg ass. Esou versichen ech am Alldag mäin Konsumverhalen regelméisseg About-me-225x300 Iwwer mecha Fro ze stellen an Entscheedungen ze treffen, déi souwuel ethesch wéi ökologesch vertriedbar sinn.

2014 ass eisen Jong op d’Welt komm, an wéi et bei villen frëschen Elteren sou ass, huet dat nach eng Kéier zousätzlech derzou bäigedro, Gewunnegten net fir selbstverständlech ze huelen, sondern a Fro ze stellen. Respekt virun deem aneren, awer och Respekt virun eiser Ëmwelt sinn Werter déi ech gär géif weiderginn. Fir mech fänkt dat schon fréi un, an et ass mir wichteg, och dat firzeliewen, wat ech gär géif an enger spéiderer Generatioun gesinn wuessen.

An grad well ech et wichteg fannen, eis Ressourcen ze schounen an Drecksbierger ze vermeiden, ass et fir mech och ganz normal, op Stoffwëndelen zeréckzegräifen.

Wat am Ufank eng reng rational Iwwerleeung war, nämlech Geld ze spueren an Knascht ze vermeiden, ass dun relativ schnell och hei zu enger klenger Leidenschaft ginn. Et sinn déi verschiddensten Modeller an d’Haus komm, verschidden Materialien sinn getest ginn an matt der Zäit hun mir erausfonnd, wat bei eis Diplom1-200x300 Iwwer mechpasst an wat net.

Mir sinn entretemps esou begeeschtert vun eisen Wëndelen, dass et schwéier ass, net ze versichen d’hallew Welt ze konvertéieren. Dat mannst wat ech do konnt maachen, war mech fir eng Formatioun unzemellen, fir zertifizéiert Stoffwëndelberoderin ze ginn (Wien sech ëlo wonnert dass et esou eppes iwwerhaapt gëtt, deen verweisen ech gär un d‘Stoffwindelexperten, déi sech et zum Ziel gemaach hun en Netzwierk vun Beroderinnen opzebauen an esou vill Wëssen ronderem dat Thema ze bündelen wéi nëmmen méiglech).

Jiddefalls bidd mir dëst eng Méiglechkeet fir méng Freed an mäin Wëssen ronderem d’Wéckelen matt Stoff matt interesséierten Leit ze deelen an esou vläit där enger oder där anerer Famill ze hëllefen hieren Wee zu den Stoffwëndelen ze fannen.