Eenzelberodungen

Matt Stoff wéckelen ass net esou komplizéiert. Allerdéngs ass d’Offer grouss an et weess een nët ëmmer wou een soll ufänken an wat dat richtegt fir een ass.

Matt enger Eenzelberodung erméiglecht dir iech en entspaanten an effizienten Wee an d’Welt vun den Stoffwëndelen.

Eng individuell Berodung geet voll an ganz op är Froën an Bedürfnisser an: Mir

  • kucken zesummen wéi eng Systemer an Materialien et ginn;
  • beschwätzen d’Vir- an d’Nodeeler vun den eenzelnen Systemer, je nodeem wat är Präferenzen sinn;
  • Iwwerléen zesummen wat kéint bei iech passen;
  • Diskutéieren iwwer déi ökonomesch an ökologesch Aspekter vum Wéckelen matt Stoff
  • kucken wéi een eng Stoffwëndel richteg uleed;
  • kucken wéi sech déi eenzel Materialien ufillen;
  • ginn drop an wat ze maachen ass bei wondem Pupes;
  • schwätzen iwwer d’Thema Wäschen (alles net esou komplizéiert wéi een sech et firstellt);
  • an ginn op all aner Fro an déi dir sou hudd.

Berodungen bei Bamboo and Cotton sinn neutral an firmenonofhängeg. An méngem Berodungssortiment sinn all gängeg Marquen an Materialien vertrueden.

Berodungen fannen entweder bei mir oder bei iech (Déplacement gëtt berechent) statt. Den Partner dierf selbstverständlech matt derbäi sinn.

All Berodungsclient huet bei all zukünftegem Akaf vun Wëndelen an Wëndelmaterial Urecht op eng Remise vun 10%.

Dauer:

Eng Berodung dauert an der Moyenne tëscht 60 an 90 Minutten, dëst kann awer je no Client variéieren.

Präisser:

60 Minutten:     25€

90 Minutten:     30€

120 Minutten:   35€

Frais de déplacement: 50 cent/Kilometer