éischt konkret Aktiounen – Huhuuuuuu et geet lass!

Zënter Enn Oktober 2015 sinn mir lo zu 4 Stoffwëndelberoderinnen zu Lëtzebuerg. Mir hun allen 4 déi selwescht Formatioun an Däitschland bei den Stoffwindelexperten mattgemaach an während mir eis am Laf vun der Formatioun vill firgeholl hun, ass et bei mir relativ roueg ginn iwwert den Wanter. Obwuel… roueg ass relativ.

Effektiv géif ech ëlo net soën, dass guer näischt geschitt ass. Au contraire.

Ech hun sougudd et gaang ass versicht, niewt méngem Ganzdagesjob, des Stoffwëndelberodung an mäin klengen @home Shop un d’Goën ze kréien. Dësen Internetsite hun ech mir am Laf vun laangen Nuechten matt vill Kaffi zesummengebaut, en Flyer ass och an der Maach an wärt hoffentlech deemnächst hei an der Regioun op Stoffwëndelen opmierksam maachen.

Déi éischt Berodungen hun stattfonnd an mäin Berodungssortiment ass och am Laf vun den läschten Wochen méi grouss an diversifiéiert ginn.

An wat mir besonnesch wichteg ass: Matt der Kollegin Anne vun der Stoffwëndelberodung Lompekréimer hun mir eis op d’Been gesat, fir en éischten flotten Event an der Regioun ze organiséieren. Mir hun eis et zum Ziel gesat, regelméisseg verschidden Events unzebidden fir lues an lues méi eng breed Masse fir d’Stoffwëndelen interesséieren ze kënnen.

Fir unzefänken an der Regioun en flotten Astieg an d’Thematik ze bidden, wollten mir en informellen Treff organiséieren, wou mir an engem gemittlechen Kader interesséiert Elteren zesummenbréngen an op hier Froën äntweren. Mir wollten domadden och en Raum schafen fir Elteren déi schon matt Stoff wéckelen, an sech einfach nëmmen fréen sech matt aneren auszetauschen. An well ëlo och eng Droberoderin an eis Gemeng gezunn ass, hun mir och bei hier ugeklappt, op sie eisen Event net wéilt als Droberoderin matt beräicheren. D’Isabelle konnt net nee soën, sou dass mir zu 3 décidéiert hun, eisen 1. Stoffwëndel- an Drotreff fir den Norden z’organiséieren.

Fir unzefänken hun mir bei Coopérations ugeklappt, an mir hätten wuel keen besseren Partner fannen kënnen. Mir sinn direkt op oppen Oueren gestouss an hun Reimlechkeeten ugebueden kritt. Wat eis immens freed, ass dass mir domadden en ganz flotten Kader hun, wou mir nët nëmmen waarm an gemittlech sëtzen, mee wou een sech och nach fair, biologesch an regional stärken kann.Dann wollten mir och der Gemeng Wolz en groussen Merci soën duerfir, dass och sie eis ënnerstëtzt huet an eis ganz kuerzfristeg nach  Plaatz an hierem Agenda fräigemaach huet.

Ech sinn méi wéi frou dann hei net nëmmen d’Mise en Ligne vun méngem neien Site unzekënnegen, mee och nach eisen éischten Event,

den 1. Stoffwëndel- an Drotreff fir den Norden

an zwar den 31. März vun 10:00-12:00

am Centre Socio-Culturel Régional Wiltz.

Wien weess wou eis Rees eis hinféiert? Mir sinn op alle Fall gespaant an fréen eis wéi d’Gecken lo matt enger éischter konkreter Aktioun ukomm ze sinn. Ech fréen mech och op déi zukünfteg Erausfuerderungen an hoffen, dass mir an den kommenden Joeren vill beweegen kënnen.Kommt an begleed eis op eisem Wee, ënnerstëtzt eis matt Iddien, Promotioun, léiwen Wieder an wat och soss ëmmer dir eis ënnerstëtzend bidden kënnt. Hëlleft eis och eis Gemengen ze sensibiliséieren. Matt hierer Ënnerstëtzung kéinten mir vill méi jonk Elteren erreechen an Ureizer bidden fir den Stoffwëndelen eng Chance ze ginn. The Challenge is on: 1 Tonn Wegwerfwëndelen pro Wéckelkand gëllt et an Zukunft ze reduzéieren.

Mir géifen jo wierklech gär enges Dags vun eis behaapten dierfen, matt eiser Hëllef wieren e puer Tonnen Knascht évitéiert ginn. Kommt maacht eis stolz, an denkt matt ëm. Et ass méi einfach wéi een denkt. An virun allem: Emdenken bedeit nodenken! An allen Beräciher. Et liewt een méi bewosst an et passt een an villen aneren Beräicher och besser op. Do huet jiddereen eppes dervun.

Thanks for spreading the word!
icon_Follow_en_US éischt konkret Aktiounen - Huhuuuuuu et geet lass!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *