Eisen Bäitrag zur Weltstëllwoch 2016

Des Woch ass Weltstëllwoch.

Wéi op der offizieller Säit vun der Weltstëllwoch ze liesen ass:
“The World Breastfeeding Week 2016 theme is on raising awareness of the links between breastfeeding and the Sustainable Development Goals. By recognizing that breastfeeding is a key to sustainable development, we will value our wellbeing from the start of life, respect each other and care for the world we share”.
“Breastfeeding is not only the cornerstone of a child’s healthy development; it is also the foundation of a country’s development.”

Pünktlech zu dësem Termin 2016, ass eis Zäit vum Nieren eriwwer. Mäin klengen Jong ass keen Bebé méi, anscheinend huet hien dat och elo esou fir sech beschloss.

Raising awareness… Ech hun laang iwwerluecht, ob ech desen Bäitrag soll schreiwen oder net. Ëmmerhin ass d’Thema Nieren iwwer den Alter vun 1 Joer eraus en Thema, wou een des Öfteren schief derfir ugekuckt gëtt. Ausser am Kreess vun “Gläichgesënnten” vun deenen een weess, dass een net direkt jugéiert gëtt, hänkt een dat net gär un déi grouss Klack.

Op där anerer Säit: Wat méi Leit et verstoppen, wat ët ëmmer wärt eppes “Aussergewéinleches” bleiwen. Dobäi ass nieren dach eppes  normales, natierleches. Kanner brauchen hier Mëllech, och nodeems se hier éischt Zänn kritt hun an och nodeems se schon lafen kënnen. Ech soen dat, well et oft grad dat ass wat engem entgéint schléit. “Ma deen kann jo schon lafen” oder “deen huet dach schon Zänn, deen kann jo normal iessen”. Ausser der Tatsaach, dass di Zännecher wahrscheinlech net ëmsoss “Mëllechzänn” heeschen, kann ech dann ëmmer nëmmen soën, dass et mir onverständlech ass, firwat et anscheinend “normal” ass, Ersatzpolver ze kafen oder op Koumëllech zeréckzegräifen, wann et dach eppes gëtt, wat ganz op den Besoin vun engem Kand ofgestëmmt ass an wat et quasi “gratis vum Krunn” gëtt.

Ech wëll domadden op keen Fall Puddermëllech oder Ersatzproduit’en verdäiwelen. Ech wëll just soën: Et sinn ERSATZproduit’en… Firwat muss een sech also regelméisseg rechtfäredegen, wann een sech derfir entscheed, net op den Ersatz zeréckzegräifen, mee dat unzebidden, wat een selwer huet, wat net verpak ass, wat näischt kascht an wou keng Konservéierungsstoffer dran sinn?

Grad well een sech als “Laangzäitnierer” ab und zu e bëssen wéi en Exot firkënnt, ginn et natierlech och hei Online Foren, wou een Ënnerstëtzung kritt an sech matt aneren Mammen austauschen kann. Schéin an gudd, mee och dëst passéiert erëm an engem geschlossenen Ëmfeld. An esouguer do muss een feststellen, dass am engleschen Sproochgebrauch ëmmer vun “Extended breastfeeding” geschwat gëtt. Dat ass och net ideal Et géif jo och keen op d’Iddi kommen, bei deenen aneren vun “shortened breastfeeding” ze schwätzen. “Extended” kléngt ëmmer schon sou … wertend. Besser géif mir “full term breastfeeding” gefalen, sou hätt en net d’Gefill schon elleng iwwer d’Definitioun jugéiert ze ginn.

Weltwäit läit den duerchschnëttlechen natierlechen Ofstëllalter bei 2-7 Joer (Daten variéieren hei staark). Während deser Zäit ass den Immunsystem vun engem Kand nach net ausgeräift – Mammemëllech hëlleft dem Kand duerch Antikierper oft schnell iwwer Krankheeten eweg. Nieren hëlleft Allergien am spéideren Liewen ze vermeiden, bidd wichteg Nährstoffer (jo, och nach nom 1. Gebuertsdag), Trouscht an Sëcherheet. Och fir gréisser Kanner. Fir Skeptiker ze iwwerzeegen zitéiert een dann och mol gären d’WHO, déi ausschliesslecht Nieren bis 6 Méint an duerno d’Nieren bis en Minimum vun 2 Joer recommandéiert.

Mäin erklärtend Ziel war et ëmmer, dass mäin Kand selwer dierf entscheeden wéini et prett ass. An all déi, déi gemengt hun, de Bouw giff nach geniert ginn wann en an de Lycée geet, kann ech also berouegen: Soulaang huet et net gedauert.

Ech soën net, dass et ëmmer einfach war. Aarbecht, Puppelchen, Nieren an pompelen kombinéieren, war besonnesch an den éischten Méint en Effort deen net ze ënnerschätzen ass. Méi nach: Mir haten relativ fréi matt engem heftegen “Stëllstreik” ze kämpfen, well de Fiston no séngem 1. Dag an der Creche wou en och den Biberon krut refuséiert huet geniert ze ginn. Google an Hiewamm sei Dank, hun mir séier erkannt, dass et sech em en Stëllstreik handelt (Wat et net alles esou gëtt…). Mir waren natierlech zouversiichtlech, dass mir dat no spéidstens e puer Deeg giffen an den Grëff kréien. Aus e puer Deeg sinn e puer Wochen ginn. 8 laang Wochen waren et, wou mir fir d’Nieren gekämpft hun. Keen, awer och keen, konnt eis zu deem Zäitpunkt encourageant Wieder bidden. Keen deen ech kannt hun an deen ech em Hëllef gefrot hun hätt gegleewt, dass een no 8 Wochen kéint weidernieren. Dass een 8 Wochen laang kéint exklusiv pompelen, niewt der Aarbecht, an net misst op Puddermëllech zeréckgräifen. Och hei sinn ech alt dankbar, dass ech online fündeg ginn sinn an eng Groupe vun Mammen fonnd hun déi, aus wéi engen Grënn och ëmmer, déi ganz Stëllzäit duerch – och wäit iwwer 1 Joer eraus – mussen exklusiv pompelen. Hei goufen et vill Tipps an Tricks, déi eis iwwer déi 8 Wochen eraus gehollef hun.

Vun do un ass alles wéi um Schnürchen gelaf. Mir hun no Bedarf geniert. Eisen Jong war kaum krank, an wann, dann war hien ëmmer erëm séier um Dill.

Et goufen des Öfteren Phasen, wou d’Nieren erem manner ginn ass, dann duercht ech schon, dat wier et gewiescht. An dann ass et awer nach weidergaang. Aktiv hätt ech et nët iwwer d’Härz bruecht, d’Broscht ze verweigeren. Sou hun mir, wann och ëmmer manner, weidergeniert, bis et schlussendlech ganz eriwwer war.

Den Firdeel vun eiser Firgehensweis ass, dass et en progressiven Prozess ass. D’Ofstänn ginn ëmmer manner, et huet een keen Risiko vun engem Mëllechstau, et gëtt keen Gekräischs an keen Drama – et leeft alles vum Kand selwer bestëmmt of, den Kierper huet Zäit sech drun ze gewinnen… genau esou wéi et eigentlech vun der Natur firgesinn ass. Den Nodeel ass – an dat weess ech ëlo am Nachhinein: Et weess een net, wéini een säin Kand déi läschten Kéier geniert huet. Lo ass et iwwer 2 Wochen hier, dass hien fir d’läscht gefrot huet, an ech kann mech net méi drun erënneren, wéini dat genau war. Wann ech éierlech dierf sinn, sou sinn ech iergendwou frou, dass et ëlo eriwwer ass, an awer traueren ech där Zäit schon e bëssen no. Ech wier frou gewiescht, en schéinen “Ofschloss” gehat ze hun, déi läschte Kéier an besonnescher Erënnerung ze hun. Dat ass eis leider verwehrt bliwwen.

Amplaatz hun ech en klengen, selbstbewossten Jong, deen fir sech selwer entscheeden duerft, wéini hien souwäit war. Mäin Bebé huet ëlo 28 Méint an ass prett fir déi nächst Etappe.

Am Kader vun der Weltstëllwoch 2016 hun souguer d’Vereenten Natiounen derzou opgeruff, alles ze ënnerhuelen wat kann ënnerholl ginn, fir ze sensibiliséieren an ze informéieren.

Ech schléissen mech heimadden also deem Appel un an soën: Nurse on Mamas, verstoppt iech net, dir musst iech virun kengem rechtfertegen.

#normalizebreastfeeding

Thanks for spreading the word!
icon_Follow_en_US Eisen Bäitrag zur Weltstëllwoch 2016

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *