Matt Stoff wéckelen

En Puppelchen ass ënnerwee oder ass schon do, an fréier oder spéider muss een sech entscheeden, wéi een dat Këndchen wéckelen wëll. 

Mee Halt: Ass dat wierklech eng bewosst Entscheedung déi een trëfft? Oder ass et nët awer éischter esou, dass déi meescht Elteren op Wegwerfwëndelen zeréckgräifen, well engem dat anert guer net an den Sënn kënnt? Wegwerfwëndelen hun sech entretemps esou établéiert, dass et ganz einfach “normal” ass, benotzten Wëndelen no Gebrauch ewegzegeheien. Dat ass dat wat een kennt, an wat de Gros vun deenen aneren Leit aus dem Bekanntekrees och mecht. Ausserdem schwirren deenen meeschten ganz séier esou Schreckensvisiounen virun Aën wann se déi éischten Kéier vun Stoffwëndelen héieren. Do denkt een als alleréischt mol un wäiss Mullwëndelen matt Sëcherheetsnol déi een vun deemools kennt, déi déi mussen ausgeschrubbt an ausgekacht ginn.

Mee mir sinn ëlo am Stoffwëndelalter 2.0: Haut gesinn Stoffwëndelen schick aus, se sinn einfach an der Handhab, an am Géigesaatz zu ganz fréier hun mir haut Wäschmaschinnen op déi mir eis verloossen kënnen fir eis d’Aarbecht ofzehuelen.

Wann een dann nach weess, dass Stoffwëndelen besser sinn fir déi sensibel Bebehaut, dann ginn et net méi vill Grënn, sech géint d’Wéckelen matt Stoff ze entscheeden. Wien sech also um Gedanken stéiert, säin Puppelchen 24/7 an Plastik ze paken, onnéidegen Dreck vermeiden wëll, Geld spueren wëll oder soss en Grond huet Wegwerfwëndelen an Fro ze stellen, fir deen ass den Wee an d’Stoffywelt nët méi wäit.

Matt Stoff ze wéckelen ass also eng bewosst Entscheedung, déi een aus den verschiddensten Beweggrënn kann treffen. An trotzdem ass et fir den Ufank nët ëmmer ganz einfach, sech zurecht ze fannen an der enormer Vielfalt vun Wendelmarken an Wéckelsystemer déi et um Marché ginn.

Wien sech onsecher ass an eventuell Feelkeef vermeiden wëll, huet duerfir d’Méiglechkeet eng Stoffwëndelberodung ze maachen.

Why-clotha Matt Stoff wéckelen