Nappy parties

Dir sidd selwer un Stoffwëndelen interesséiert an wéilt fir iech an e puer Frënn déi och firwitzeg sinn en flotten themateschen Nomëtteg / Owend iwwer Stoffwëndelen organiséieren?

Eng Stoffwëndelparty fënnd an enger gemittlecher an jovialer Ronn ënner Kollegen statt, entweder bei iech oder an engem Raum deen dir definéiert.

Eng Stoffwëndelparty kann fir Gruppen ab 3 Persounen ugefrot ginn.

Mir wärten op déi verschidden Argumenter agoën déi fir Stoffwëndelen schwätzen, iwwer d’Handhab vun Stoffwëndelen am Alldag diskutéieren, eis en Iwwerbleck iwwer déi verschidden Systemer an Materialien verschafen an natierlech och kuerz op d’Thema wäschen agoën.

Zum Schluss kënnt dir mir dann all är Froën stellen.

Fir d’Gastgeberin hun ech eng kleng Iwwerraschung derbäi.

Eng Stoffwëndelparty ass net ze recommandéieren wann dir an/oder är Gäscht eng richteg Berodung erwaard. Bei enger nappy party geet et virun allem drëm, en einfachen Astieg an d’Thema ze kréien an allgemeng Froën ze klären. Sollt dir ganz spezifesch Froën hun an trotzdem net elleng eng Berodung wëllt maachen, dann ass eng Gruppenberodung secherlech dat richtegt fir iech.

Dauer: 2 Stonnen

Präiss: 80€

Frais de déplacement: 50cent/km