Firwat eng Stoffwëndelberodung?

Et ginn vil Grënn firwat een sech kann fir eng Stoffwëndelberodung entscheeden. Wann een sech déi éischte Kéier mam Thema ausernaner setzt, dann kommen direkt eng ganz Reih Froën op. Do kann et hëllefen eng Ulafstell ze hun, wou een an kuerzer Zäit eng kompetent Berodung kritt.

Et kann een natierlech och vill Stonnen am Internet verbréngen an séng Recherchen selwer maachen (interessant Groupen ginn et der souguer eng Partie, zum Beispill dësen flotten Lëtzebuergeschen Facebook Groupe). Ech wärt iech och net verheemlechen, dass et souguer richteg Spaass kann maachen sech eranzeliesen, Foren ze duerchstöberen an sech an Groupen matt aneren auszetauschen. Fir déi déi sech déi Zäit awer léiwer spueren wëllen an ausserdem Wert drop léen, esou Wëndelen gesinn ze hun ier se kaf ginn, mecht eng Berodung absolut Sënn. Sou kënnen och Feelkeef verhënnert ginn an dir kënnt sëcher sinn, dass dir matt enger gudder Basis start.

An enger Berodung kucken mir zesummen wéi eng Wéckelsystemer bei iech kënnen passen an op wéi eng Materialien dir wëllt Wert léen.

Duerfir kucken mir zBsp wat är Motivatioun ass matt Stoff ze wéckelen, wien nach alles mattwéckelen soll (Crèche? Grousselteren, …?) an och ob Allergien firleien oder nët. An natierlech dierf d’Thema Wäschen net feelen.

Bei Bamboo and Cotton fannd dir eng perfekt Ulafstell fir iech mam Thema vertraut ze maachen. Ech beroden werdend an frësch Elteren déi nach weider keng Erfahrungen matt Stoffwëndelen gesammelt hun, stinn awer genau esou fir déijeeneg Elteren zur Verfügung, déi schon matt Stoff wéckelen, awer no engem aneren System sichen oder speziell Besoins hun déi mussen beuergt ginn.

Ech fréen mech drop iech kennenzeléieren an matt iech zesummen en Wéckelsystem ze fannen, deen bei iech an är Famill passt.

Foto-05.11.15-10-43-31-300x300 Firwat eng Stoffwëndelberodung?