Stoffwëndelen zu Lëtzebuerg

Des Läscht war ech op e kuerzen Besuch um Fridhaff an hun mech do matt den Responsablen vum SIDEC (Syndicat intercommunal pour la gestion des déchêts) ënnerhalen. Ech wollt erausfannen, ob dat Thema Wegwerfwëndelen hei eng Roll spillt, an wat et eventuell schon un Initiativen zu Lëtzebuerg ginn sinn, fir deem riesegen Bierg un Wegwerfwëndelen entgéint ze wierken.

Ech sinn do ganz léiw empfaang ginn an hun och gläich di eng oder di aner Zuel matt op den Wee kritt. Virun allem awer hun ech eng Partie Infos kritt iwwer eng Inititative déi 1999 gestart ginn ass, fir Stoffwëndelen ze établéieren: Den BAMBINI Wëndeldéngscht. Foto-18.12.15-11-35-10-e1457351765617 Stoffwëndelen zu Lëtzebuerg

Dat war deemools eng Zesummenaarbecht tëschend dem SIDEC an dem Forum pour l’emploi. Wat proposéiert ginn ass, war en Service de Location, inklusive Wäschen vun den Wëndelen. Den Schnupperabo, deen den Leit d’Méiglechkeet ginn huet zu engem gënschtegen Tarif (3250 Lëtzebuerger Frang fir 3 Méint – Jo et ass schon eng Zäitchen hier) desen Déngscht ze testen war och eng flott Saach, besonnesch fir Leit, déi sech lues un déi Saach eruntaaschten wollten.

D’Iddi war kloër: En Projet lancéieren, deen sech dann och matt der Zäit sollt selwer droën kënnen. No 3 Joer Projektlafzäit ass dat Ganzt dun och an Privathand iwwergaangen. Zu deem Zäitpunkt goufen et iwwer 80 Client’en. D’Konzept huet sech och weider gudd entwéckelt, sou dass sech no enger gewësser Zäit iwwer 180 Client’en fonnd hun, déi sech abonnéiert haten. D’Demande war also definitiv do.

Leider sinn déi Zuelen dunn awer schlagarteg erof gaangen, bis dass d’Decisioun huet missten geholl ginn, d’Offer zeréckzefueren.

Ursaachenforschung no all där Zäit ass net einfach, een vun den Faktoren deen awer sëcherlech mattgespillt huet, war d’Tatsaach, dass den Fournisseur op eemol Problemer hat, an d’Wëndelen net méi richteg gehalen hun. D’Konsequenz war kloer, d’Client’en waren nët méi zefridden an sinn erëm op Wegwerfwëndelen ëmgestiegen.

Dat ass natierlech schued, well d’Initiative war immens gudd an wichteg, an et ass och vill Wert op Kommunikatioun an Sensibiliséierungsaarbecht geluecht ginn. Nëmmen „deemools“ gouf et nach net sou vill Choix um Marché wéi haut. Haut hätt een ganz séier eng Reih aner Fournisseuren fonnd, déi qualitativ héigwerteg Wendelen produzéieren an déi een hätt kënnen proposéieren. Haut ginn et sur Mesure Léisungen fir all Kand an all Famill. An grad dat wëssen Stoffy-Elteren och ze schätzen.

Ob esou een System duerfir haut nach géif Sënn maachen wier erauszefannen. Den Interessi un Stoffwëndelen ass steigend, mee vum Bauchgefill hier géif ech mengen, dass Wëndel-Locatiounssystemer manner gefrot sinn (Ech schwätzen ëlo net vun Testpaketer), ganz einfach well modern Wëndelen awer vill méi einfach ze wäschen sinn wéi een am Ufank esou denkt an et schon bal méi einfach ass, sech selwer ëm d’Uschafen an d’Wäschen vun den Wëndelen ze këmmeren. Déi meescht Leit hun och léiwer hier eegen Wëndelen, do kann een säin Sortiment méi flexibel opstellen, an ausserdem weess een dann och, matt wéi engem Wäschmëttel gewäsch gëtt.

Bei den Packs de Locatioun muss schon elleng aus Hygienegrënn e bëssen Damp gemaach ginn wann et ëm d’Wäschen geet. Do huet een dann keng Handhab driwwer wéivill an virun allem wéi eng Produit’en benotzt ginn. Wann een selwer doheem wäscht, weess een wat fir en Wäschmëttel een hëllt an et kann een, je no Firléift, dat eent oder dat anert

WÄschmëttel Stoffwëndelen zu Lëtzebuerg

Wäschmëttel benotzen. Grad Stoffy-Elteren ass et jo meeschtens wichteg, en Wäschmëttel ze benotzen dat net nëmmen ökologesch ass, mee och fir sensibel Haut geeegent ass an wou keng Duftstoffer, Phosphater an optesch Opheller dran sinn.

Mee zeréck zum Thema: Den Bambini Wëndeldéngscht huet en éischten wichtegen Schrëtt an déi richteg Richtung gemaach. Och haut nach schwätzen vill Leit mech drop un, dass et „deemools“ jo schon esou eppes gouf. Et ass wichteg, dass Stoffwëndelen zumannst schon an den Käpp vun den Leit sinn. An ëlo sinn mir Stoffwëndelberoderinnen jo och do, fir op där Firaarbecht opzebauen an interesséierten Elteren en einfachen Wee an d’Welt vun den Stoffwëndelen ze erméiglechen, och ouni Wendeldéngscht. 4 Stoffwëndelberoderinnen ginn et schon zu Lëtzebuerg, an déi 5. ass um ganz gudden Wee eis Equipe geschwënn verstärken ze kënnen. En geografeschen Iwwerbléck iwwer eis Berodungsstellen fannd dir hei.

Well den Problem huet sech an der Tëschenzäit net vun elleng geléist. Au contraire. Den Zuelen no (Etude vun 2013-2014) besteet eisen Haushaltsmüll zu 7,48 Gewiichtsprozent aus Hygieneartikelen. Wéivill dovunner lo genau op Wegwerfwëndelen entfällt ass net berechent, mee dat ass en substantiellen Deel. Wann een dann nach bedenkt, dass Wegwerfwëndelen en plus en Knascht duerstellen, deen net onproblematesch ass, erschéngt et emsou méi wichteg, Alternativen opzeweisen.

Mir hun nach en wäiten Wee virun eis, mee d’Erfahrung vun den läschten Wochen an Méint huet gewisen, dass vill Interessi do ass.

An wien weess wou des Rees eis nach hiféieren kann. Matt der Hëllef vun Gemengen, Organisatiounen an staatlechen Ulafstellen kéinten mir villes erreeschen.

Wat sinn är Erfahrungen mat Stoffwëndelen zu Lëtzebuerg? Hudd dir Ënnerstëtzung kritt? Wéi huet et an der Creche geklappt? Wou sidd dir är Informatiounen sichen gaangen?

Ech fréen mech iwwer all Feedback!

Thanks for spreading the word!
icon_Follow_en_US Stoffwëndelen zu Lëtzebuerg

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *